
Lëtzebuerg wier net à l’origine vun der Demande, fir d'russesch Sanktiounslëscht ze veränneren. Ma hätt gutt kënnen domat liewen, wann d’Lëscht onverännert verlängert gi wär. Dat huet eng diplomatesch Quell RTL erkläert.
Zu Bréissel ginn d'Verhandlungen iwwert d'Verlängerung vun de Sanktioune géint russesch Interête wéinst dem Ugrëffskrich op d'Ukrain virun. Déi aktuell Sanktiounslëscht mat iwwer 3.000 Persounen an Entitéiten, déi wéinst Liene mam Kreml op där Sanktiounslëscht stinn, leeft an der Nuecht op e Mëttwoch um Hallefnuecht aus.
Déi 27 Memberstaate mussen d'Sanktiounslëscht eestëmmeg unhuelen. D'Verhandlunge sinn zanter Deeg blockéiert, well Frankräich, d'Slowakei a Lëtzebuerg gefrot hunn, fir de Alischer Usmanow, respektiv de Mikhail Fridman vun der Sanktiounslëscht ze huelen, wéi international Medie mellen. Als Kompromëss war proposéiert ginn, datt d’Lëscht ouni déi zwee Geschäftsmänner fir 36 Méint verlängert gëtt, amplaz wéi soss ëm sechs bis 12 Méint. Lettland opposéiert sech awer strikt dogéint. D'Mesurë géint Russland misste verschäerft, net ofgeschwächt ginn, sou déi lettesch Ausseministerin op X.
Et wier d'Demande vu Frankräich, fir den Alischer Usmanow vun der Lëscht ze huelen, déi Lëtzebuerg keen anere Choix gelooss hätt, fir och ze froen, datt de Mikhail Fridman vun der Lëscht gestrach gëtt, esou d’RTL-Source.
De Staatsministère wëll sech op Nofro net zu de Verhandlungen oder der Lëtzebuerger Positioun äusseren. Déi kann een deemno awer domat resuméieren, datt entweder kee vun den zwee Milliardären, oder déi zwee vun der Lëscht kommen.
De Mikhail Fridman huet Lëtzebuerg op 16 Milliarden Dollar Schuedenersatz verklot, well seng Avoiren hei zu Lëtzebuerg agefruer goufen. Déi Affär läit den Ament virun engem Schidsgeriicht zu Hongkong.
De Mikhail Fridman a säi Geschäftspartner Petr Aven, deen ausser der russescher och déi lettesch Nationalitéit huet, waren direkt am Februar 2022 op d'Sanktiounslëscht gesat ginn. Si haten dogéint virum europäesche Geriicht hei um Kierchbierg geklot an am Abrëll 2024 Recht kritt. D'Geriicht hat fonnt, de Conseil vun den EU-Memberstaaten hätt net beluecht, wouwéinst si op d'Sanktiounslëscht misste kommen.
Dat nämmlecht Geriicht hat virun engem Joer decidéiert, datt den Alischer Usmanov zu Recht géing op der Lëscht stoen.