
D'LSAP fuerdert, datt de Luc Frieden an den Ausseminister Xavier Bettel sech an déi zoustänneg parlamentaresch Kommissiounen erkläre kommen. Béid Parteie wëlle wëssen, ob et tëscht der Lëtzebuerger Regierung an dem Oligarch Mikhail Fridman eng Ofmaachung gëtt, datt hie seng Klo op 16 Milliarden Dollar Schuedenersatz géint Lëtzebuerg zréckzitt.
Déi Gréng wëllen och wëssen, wéi sech de Staatsministère mam Ausseministère koordinéiert huet. Den DP-Fraktiounschef Gilles Baum hat géintiwwer RTL gesot, seng Fraktioun wier net au courant gewiescht, datt Lëtzebuerg gefrot huet, de Fridman vun der Sanktiounslëscht ze huelen.
De Premier Luc Frieden hat en Donneschdeg erkläert, datt sech d'Regierung dofir agesat hätt, fir Schued vum Land ewech ze halen, nodeems Frankräich drop gedréckt huet, en aneren Oligarch vun der Lëscht ze huelen.