
Wéi um Presseportal vun der däitscher Police ze liesen ass, huet en Zeien observéiert, wéi zwee maskéiert Täter an de Virraum vun der Bankfilial agedronge sinn. En drëtten Täter hätt baussen an engem Auto ma Bitburger Plack gewaart. No der Sprengung vum Bankomat sinn d’Täter du geflücht. No hinne gëtt den Ament ëmmer nach gesicht.