
Wéi et vun der Police heescht, wier et an engem Deel vum Maart, an deem Wuere gelagert ginn, zu Beschiedegunge komm. 79 Persoune wiere virleefeg festgeholl ginn.
D’Demonstranten hate sech zu Fouss Zougang zum Maart verschafft. Wéi d’Police mellt, wier den Terrain vum Maart antëscht awer nees geraumt. De franséischen Inneminister Darmanin hat virun e puer Deeg den Uerder ginn, fir gepanzert Gefierer beim Maart ze stationéieren.
Bannent der Protestbeweegung war ee sech oneens doriwwer, ob de Marché de Rungis d’Zil vun enger Protestaktioun sollt ginn oder net. De Chef vum Bauereverband FNSEA, deen der Regierung no steet, Arnaud Rousseau hat sech dogéint ausgeschwat. D’Auteure vun der Aktioun e Mëttwoch ware Membere vun der “Coordination rurale”, engem Bauereverband, deen dem lénke politesche Fligel zougerechent gëtt.
De “Marché d’intérêt national de Rungis” läit ronn 13 Kilometer südlech vum Paräisser Stadkär. E gëllt mat enger Fläch vun 234 Hektar als ee vun de gréisste Mäert op der Welt.