
E belschen Zaldot, deen am Kader vun engem internationalen NATO-Batailloun a Litauen stationéiert ass, ass e Freideg bei engem Exercice mat Mörsergranaten esou schlëmm blesséiert ginn, datt en a Liewensgefor schwieft. De belsche Verdeedegungsminister Theo Francken huet dat offiziell matgedeelt.
Eng intern Enquête gouf opgemaach, fir déi genee Ëmstänn ze klären. An deem sougenannten “Forward Land Forces"-Grupp sinn ënnert anerem och siwen Zaldoten aus Lëtzebuerg derbäi. D’Belsch hat am Juli ronn 200 Zaldoten un d’NATO-Ostflank a Litauen geschéckt.