IsraelBenny Gantz léist Noutstandsregierung vum Benjamin Netanjahu platzen

RTL Lëtzebuerg
Well et Meenungsverschiddenheeten tëscht dem Premier an dem Minister aus dem Krichscabinet gouf, huet de Benny Gantz d'Regierung elo verlooss.
Benny Gantz léist Noutstandsregierung vum Benjamin Netanjahu platzen
Well et Meenungsverschiddenheeten tëscht dem Premier a sengem Minister no der Terrorattack vun der Hamas gouf, huet de Benny Gantz d’Regierung elo verlooss.

Dat huet de Politiker, deen eigentlech Géigner vum Netanjahu ass, viru Journalisten annoncéiert. Scho méi laang hat de Gantz säi Regierungschef opgefuerdert, eppes z’ënnerhuelen, fir d’Geiselen, déi vun der Hamas verschleeft goufen, heemzebréngen.

De Benny Gantz hat mat dësem Schrëtt gedreet, falls de Ministerpresident Benjamin Netanjahu keen neie Plang géing virleeën, fir d’Zukunft vun der Gazasträif nom Enn vum Krich ze garantéieren.

Den Oppositiounspolitiker Gantz gëllt als gréisste politesche Rival vum Netanjahu. Trotz den Divergenzen mam aktuellen israeelesche Ministerpresident huet de Benny Gantz acceptéiert, Deel vum Krichscabinet ze ginn, fir en Zeeche vun Unitéit ze setzen. Ma dës Unitéit kéint mat senger Decisioun, de Cabinet ze verloossen, elo däitlech Rëss kréien.

Dem Gantz no wäerten och anere Membere vu senger Partei d’Regierung verloossen. Trotz dem Récktrëtt wäert d’Koalitioun vum Netanjahu awer weider eng Majoritéit vu 64 Sëtz vun am Ganzen 120 hunn. Anescht gesäit dat am Krichscabinet aus, dat no der Terrorattack vun der Hamas ageriicht gouf. An dësem haten den Netanjahu, de Gantz an den Verdeedegungsminister Galant e Stëmmrecht. Zwee weider Memberen, déi am Cabinet sëtzen, kënnen net ofstëmmen. Ouni d’Memberschaft vum fréiere Generol Gantz kéint d’Cabinet opgeléist ginn.

Back to Top
CIM LOGO