
D’Angscht virun enger zweeter Well vum Coronavirus gëtt a verschiddene Länner uechtert d’Welt ëmmer méi reell.
A Portugal hat ee sech, wéi et schéngt, ze fréi gefreet, wat d’Mesurë vum Deconfinement uginn. Zanter en Dënschdeg sinn zu Lissabon erëm Rassemblementer vu méi wéi 10 Leit verbueden. Caféen a Restaurante mussen erëm um 20 Auer hir Dieren zoumaachen, well d’Chifferen erëm méi beonrouegend klammen.
A Südkorea zum Beispill gëtt offiziell vun enger zweeter Well geschwat. Zanter Ufank Mee klëmmt d’Zuel vun Infizéierten erëm op 35 bis 50 nei Fäll pro Dag.
An och den Iran muss sech mat enger zweeter Well vum Virus befaassen. Offiziellen Aussoe vun der Regierung no infizéiere sech am Iran pro Dag tëscht zwee- an dräi-dausend Mënsche mam Virus.
No 3 an eng hallef Woch ouni nei Fäll hat Neiséiland lescht Woch nach annoncéiert, Corona-fräi ze sinn, deem ass awer net méi esou. 2 Fraen, déi aus Groussbritannien an d’Land gereest sinn, goufe puer Deeg drop positiv getest. Zanterhier wiisst d’Angscht virun enger neier Verbreedung.
An den USA ass zwar nach net offiziell riets vun enger zweeter Well, mee et géif ee sech awer op deen Zenario preparéieren, heescht et. Eng ganz Partie Bundesstaaten hunn op en neits e Rekordchiffer vun Infizéierte missen notéieren. Eleng am Texas goufen et e Méindeg iwwer 5.000 nei Fäll.
D’Situatioun ass nieft dem Texas och a Florida an am Arizona beonrouegend. Zu New York dogéint, wou et katastrophal Situatiounen duerch de Covid-19 goufen, ass d’Zuel vun Nei-Infektioune gefall.
Brittesch Medezinner warnen iwwerdeems virun enger zweeter Well. Am British Medical Journal schreiwe si, datt ee virun engem reelle Risiko steet. An dobäi huet de Premier Boris Johnson eréischt en Dënschdeg annoncéiert, datt Caféen, Restauranten an Hoteller an England Ufank Juli erëm sollen hir Dieren opmaachen.
Der Weltgesondheetsorganisatioun no klëmmt de Chiffer weltwäit pro Dag ëm ronn 183.000 nei Fäll – de Gros dovun an Nord- a Südamerika.
Der WHO no hu sech iwwer 8,7 Millioune Mënsche mam Virus infizéiert an iwwer 460.000 sinn doru gestuerwen.
