
D'Bëschbränn an Éisträich sollen antëscht ënner Kontroll sinn. En Donneschdegowend schonn hat d'Feier ugefaange sech auszebreeden. No 2 Deeg waren 110 Hektar am Bundesland Kärnten a Brand. Dat ass eng Fläch, déi esou grouss ass wéi 150 Futtballfelder.
De lokale Pompjeeën no hätt een elo d'Flamen an de Bierger kënne läschen. Wéi et zum Brand koum, ass nach ëmmer net gekläert.