
Vertrieder am EU-Parlament an dem Rot vun de 27 EU-Länner hu sech en Donneschdeg de Moien drop gëeenegt, dass Produzente vu Medikamenter hir Beschreiwungen, an deene jo ënnert anerem de Gebrauch an d’Niewewierkunge beschriwwe ginn, an digitaler Form via QR-Code op de Verpackunge mussen zougänglech maachen. Den Ziedel aus Pabeier, deen an der Verpackung dobäi läit, soll fir den Ament awer mol nach bestoe bleiwen.
Déi digital Informatioune wiere grad fir eeler Leit souguer e Virdeel, mengt de Peter Liese, Europadeputéierte vun der CDU, dat well d’Schrëft um Pabeier deels kleng ass a virun allem eeler Leit deel Schwieregkeeten hunn, den Text ze liesen. Bei elektronesche Beschreiwunge kéint een d’Schrëft vergréisseren a sech den Ziedel souguer virliese loossen.
D’EU iwwerléisst de Memberlänner, ob se an Zukunft nëmmen nach eng digital Medikamente-Beschreiwung virschreiwe wëllen. A sou engem Fall kéint de Beipackziedel an der Këscht ewechgelooss ginn, Patiente kéinte sech an der Apdikt awer gratis eng Pabeierversioun ufroen a kréien déi da mat.
D’Reegelung vum Beipackziedel ass Deel vun enger vun de gréisse Reforme vun europäesche Medikamentegesetz.