Virwale vun US-DemokratenBiden wënnt kloer am Bundesstaat South Carolina

RTL Lëtzebuerg
D'Virwal am Bundesstaat South Carolina gëllt als Testlaf fir dem Biden seng Campagne.
© AFP

Den US-President Biden huet déi éischt offiziell Virwal fir d’Presidentschaftskandidatur vun den Demokraten am Bundesstaat South Carolina souverän gewonnen. No der Auszielung vun der Hallschent vun de Stëmmen ass den 81 Joer ale Politiker op iwwer 95 Prozent vun de Stëmme komm. Seng Konkurtentin ëm d’Kandidatur, d’Autorin Marianne Williamson, ass op zwee Prozent vun de Stëmme komm an den Deputéierten am Kongress Dean Philipps op 1,6 Prozent.

De Biden huet bei den Demokrate keng seriö Konkurrenz, ma de Vott war trotzdeem wichteg, fir bei der Afro-amerikanescher Wielerschaft de Bols ze fillen. Si gëllen als wichteg Wielergrupp fir d’Presidentiellen am Hierscht. An dëser Grupp gëtt et net just Zweiwel um Alter vum Biden a Suergen iwwert déi héisch Präisser

Wien an den USA Kandidat fir d’Presidentielle gi wëll, muss als éischt d’Virwalen tëscht de Kandidaten aus der eegener Partei gewannen. Am Summer ginn déi zwee Kandidaten da vun hire Parteien offiziell designéiert. Am November gëtt dann den nächsten US-President gewielt.

Bei de Republikaner dominéiert bei de Virwale bis elo den Ex-President Donald Trump.

Back to Top
CIM LOGO