US-WalenBiden zitt an Georgia a Pennsylvania laanscht Trump

RTL Lëtzebuerg
A béide Bundesstaaten huet de Biden elo d'Nues vir an huet elo déi bescht Chancen, d'Wale fir sech z'entscheeden.
Biden zitt an Georgia a Pennsylvania laanscht Trump
A béide Bundesstaaten huet de Biden elo d’Nues vir an huet elo déi bescht Chancen, d’Wale fir sech z’entscheeden.

Wat méi ausgezielt gëtt, wat et besser fir den Demokrat ausgesäit. Hien huet e Freideg den Owend a Pennsylvania eng Avance vun iwwer 13.371 Stëmmen op de Republikaner. Den Joe Biden läit aktuell bei 49,5 Prozent, den Donald Trump knapp hannendru mat 49,3 Prozent. Et bleiwen nach ronn 122.000 Stëmmen a Pennsylvania iwwreg, déi mussen ausgezielt ginn. Am Nevada an an Arizona wiisst iwwerdeems dem Biden säi Virsprong.

Och wann d’Resultat nach net definitiv ass, gesäit et ëmmer méi dono aus, wéi wann den Joe Biden d’US-Presidentewale gewënnt. Den aktuelle President Trump gesäit dat ganz anescht. Hie schwätzt vun Onreegelméissegkeeten an huet d’Virwërf an enger Ried am Wäissen Haus op en Neits widderholl. Ouni dat beweisen ze kënnen. Seng Ekipp bei de Republikaner probéiert mat juristesche Mëttelen d’Ausziele vun de Stëmmen ze stoppen, respektiv datt nei ausgezielt gëtt.

D’Riichter a Michigan a Pennsylvania hunn d’Kloen ofgewisen.

Den Joe Biden huet sengersäits d’Amerikaner opgeruff sech ze gedëllegen, all Stëmm misst gezielt ginn.

D’Medie reagéieren ënnerschiddlech

US-Walen an de Medien / vum Claudia Kollwelter

Wärend enger Pressekonferenz en Donneschdeg den Owend huet den Donald Trump op en Neits behaapt, d’Wale scho gewonnen ze hunn. No nëmmen e puer Minutten huet den Tëleessender MSNBC decidéiert, d’Iwwerdroung z’ënnerbriechen. Net just misst een den aktuelle President ënnerbriechen, mä en och verbesseren huet de News-Presentateur erkläert.

Extrait MSNBC

Den Donald Trump huet erëm vu Manipulatioun bei de Walen an den Auszielunge geschwat - nach ëmmer ouni kloer Beweiser dofir ze liwweren.

Och eng ganz Partie aner Medien hunn d’Iwwerdroung ënnerbrach an zréck op hire reguläre Programm gewiesselt. Just CNN a Fox News hunn d’Pressekonferenz ganz iwwerdroen, bei där den Trump och keng Froe vun de Journalisten erlaabt huet. Dem nach President säi Liblingssender Fox News, dee jo eigentlech bekannt dofir ass Pro-Trump ze sinn, schéngt zanter de Wale manner eesäiteg ze sinn, wat dem Trump natierlech absolut net passt. En Dënschdeg huet hie wärend engem Live-Interview an der Moies-Emissioun de Sender fir hir Couverture vun de Wale kritiséiert. D’Journalisten hu sech datt net gefale gelooss:

Extrait Donald Trump / FoxNews

Fox News hat awer och zum Beispill dem Joe Biden de Bundesstaat Arizona ze gutt geschriwwen, an déi domat verbonnen 11 Electoral Votes. Do ass awer nach net komplett ausgezielt. Och Twitter, dem Trump seng Liiblingsmanéier mat der Baussewelt ze kommunizéieren, verstoppt eng ganz Partie vu senge Posts mat der Erklärung, datt se ëmstridden a “misleading” sinn. CNN huet zanter e Freideg de Moien och decidéiert d’Tweets vum Donald Trump net méi ze zitéieren. Vläicht verléiert de Republikaner net just seng medial Muecht, mä och d’Muecht iwwert d’Vereenegt Staaten vun Amerika.

© RTL-Grafik

US-Walen: Reportagen an Interviewe vun en Donneschdeg op RTL

Back to Top
CIM LOGO