Corona-MythenBill Gates als Zilscheif vu Verschwierungstheoretiker

Pit Everling
Wou kënnt de Coronavirus wierklech hier? Wien ass Schold un der Pandemie? Um Bord vun der aktueller Corona-Kris zirkuléiere vill Verschwierungstheorien.

An der Lescht ass besonnesch de Microsoft-Grënner Bill Gates zur Zilscheif ginn. Besonnesch am Internet ass Rieds iwwer Konspiratiounen, Komplotter a Geheimpläng.

De Virus soll artificiell sinn, e soll aus engem Labo erfort bewosst ënnert d’Leit bruecht gi sinn, sou eng Theorie. Anerer behaapten, en Zuchwaggon, op deem „Covid-19" drop steet, hätt de Virus iwwerall verbreet. Nach anerer mengen, datt grouss Firmen derhannert stiechen, déi hire Vaccin wëlle verkafen.

Bill Gates a Verschwierungstheoretiker / Rep. Pit Everling

Rezent steet besonnesch den amerikanesche Computer-Milliardär Bill Gates am Fokus vun der Opmierksamkeet. D’Fondatioun vum Bill a Melinda Gates ënnerstëtzt mat Milliarden eng Rei Vaccins-Projeten, wat awer net iwwerall gutt ukënnt. Am Internet gëtt vu ville Säite virtuell schaarf geschoss.

De Microsoft-Grënner soll Schold un der Corona-Pandemie sinn. Hien hätt gehollef, de Virus ze verbreeden, fir datt eng vu senge Firmen duerno d’Welt mat Impfstoffer misst versuergen. Jidderee kritt da bei der Impfung e Mikrochip agesat a géif da kontrolléiert ginn. Dat sinn zum Beispill Meenungen, déi zirkuléieren.
De Bill Gates géif via d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) déi global Politik steieren, den amerikanesche Milliardär wéilt eng weltwäit Gesondheetsdiktatur op d’Bee stellen. Och dës Saache fënnt een am Internet. Allgemeng kritt de Microsoft-Grënner eng ze staark Proximitéit zu grousse Konzerner nogesot. An den USA lafe virun allem d’Impfgéigner Stuerm géint de Computer-Pionéier.

De Concernéierte selwer huet op CNN reagéiert a gesot, et géinge Leit ginn, déi d’Saachen net wëssenschaftlech, mä politesch géinge gesinn an dat kéint dann zu komeschen Usiichte féieren. Op engem chineesesche Sender sot hien, datt et awer och vill positive Feedback géing ginn.

*Well vill Komentare géint d’Netikett verstouss hunn, gouf d’Funktioun nodréiglech zougemaach.

Back to Top
CIM LOGO