Resultater vun Etüd verëffentlechtBiontech: Corona-Impfstoff zu 90 Prozent wierksam

Fanny Kinsch
Déi Mainzer Pharmaentreprise Biontech huet e Méindeg villverspriechend Resultater vun hirer Corona-Impfstoff-Studie verëffentlecht.
Biontech: Corona-Impfstoff zu 90 Prozent wierksam
Déi Mainzer Pharmaentreprise Biontech huet e Méindeg villverspriechend Resultater vun hirer Corona-Impfstoff-Studie verëffentlecht.

Deemno soll den Impfstoff, dee Biontech an Zesummenaarbecht mat Pfizer entwéckelt huet, ee méi wéi 90-prozentege Schutz virum Covid-19 bidden. Bis Enn vum Joer solle 50 Milliounen Dose vum Mëttel zur Verfügung stoen.

Fir d’éischte Kéier gëtt et vun engem fir Europa méigleche Corona-Impfstoff Tëscheresultater aus der decisiver Studiephas, fir datt den Impfstoff eng Autorisatioun kéint kréien.

D’Pharmaentreprisë Biontech a Pfizer hu matgedeelt, datt een duerch den entwéckelten Impfstoff e méi wéi 90-prozentege Schutz virun der Krankheet Covid-19 huet. Schwéier Niewewierkunge sinn an der leschter Phas vun der Etüd bis ewell net registréiert ginn. Zanter Juli gëtt de Vaccin getest. Weltwäit maachen eng 43.500 Leit mat.

Béid Entreprisë wëllen d’nächst Woch an den USA eng Geneemegung ufroen.

No der Publikatioun vun de Resultater sinn d’Pabeiere vu Pfizer op der Bourse direkt ëm 9 Prozent an d’Luucht gaangen, bei Biontech war et e Plus vu ronn 16 Prozent op 107 US-Dollar.

Back to Top
CIM LOGO