
Dat huet d’EU-Kommissioun um Donneschde matgedeelt. Biontech wier déi éischt europäesch Entreprise gewiescht, déi mat klineschen Tester vu potentiellen Impfstoffer géint den neiaartege Corona-Virus ugefaangen hätt.
Ugangs Abrëll hat déi éischt klinesch Etüd an Däitschland ugefaangen, eng 2. am Mee an den USA. Mat 4 méiglechen Impfstoffer, déi parallel getest ginn, wier de Biontech-Programm ee vun deene gréisste weltwäit. Déi däitsch Entreprise schafft fir d’klinesch Tester vun hiren Impfstoffer mat Pfizer zesummen, dem zweetgréisste Pharmakonzern op der Welt.
D’Entreprise mat Sëtz zu Mainz hat leschte Mount gesot, et géif een Enn Juni, ugangs Juli mat éischte klineschen Donnéeë rechnen.
Weltwäit fuerschen iwwer 100 Laboen un enger Immuniséierung géint den neiaartege Coronavirus. Den Ament gi schonn 10 potentiell Corona-Impfstoffer um Mënsch getest. An der Pharmaindustrie mengt een, datt bis zum Enn vum Joer een oder e puer Impfstoffer kéinte prett sinn. Allerdéngs stelle sech och logistesch Erausfuerderungen, fir breetflächeg impfen ze kennen, ënnert anerem fir genuch Impfungen hierzestellen an ofzefëllen.
