KatarBis zu 3 Joer Prisong beim Verstouss géint d'Maskeflicht

RTL Lëtzebuerg
De Katar huet fir Verstéiss géint d'Moossname am Kampf géint d'Corona-Pandmie nawell sec Strofen decidéiert.

Wien ouni Otemschutzmask an der Ëffentlechkeet ënnerwee ass, muss zanter e Sonndeg mat bis zu 3 Joer Prisong rechnen. De Wüüstestad kämpft mat enger vun de weltwäit héchsten Infektiounstauxen. Iwwer 30.000 Mënschen hu sech am klenge Golfstaat mam Covid-19 infizéiert, dat entsprécht 1,1% vun den 2,75 Milliounen Awunner. Allerdéngs sinn am Katar offiziellen Donnéen no bis ewell just 15 Mënschen un de Suitte vun enger Infektioun gestuerwen.

Dës nei Strofen, mat bis zu 3 Joer Prisong a bis zu 55.000 Dollar (ëmgerechent 50.800 Euro) Geldstrof fir d’Net-Anhale vun de Corona-Moossnamen, si weltwäit déi häertst.

A ronn 50 Länner besteet den Ament eng Maskeflicht. Ob se tatsächlech wierken, ass bei de Feruscher weiderhin ëmstridden. Och aner Länner hu Strofen agefouert, wann och manner sec wéi am Katar. Am Tschad sinn et beim Verstouss géint d’Maskeflicht bis zu 15 Deeg Prisong, am Marokko bis zu 3 Méint.

Fir d’Ausbreede vum Virus ze verhënneren, sinn am Katar d’Moscheeën, d’Schoulen, d’Akafszentren an d’Restauranten zou. Op de WM-Schantercher gëtt allerdéngs weidergeschafft. Katar wëll jo 2022 d’Futtball-Weltmeeschterschaft ausriichten, 7 nei Stadie ginn dowéinst gebaut. Op 3 Chantiere goufe schonn Infektiounsfäll festgestallt.

Back to Top
CIM LOGO