737-MAX-Maschinnen erofgefall Boeing fënnt Eenegung mat US-Justizministère

RTL Lëtzebuerg
No den déidlechen Onglécker vun zwee Boeing 737-MAX-Fligeren an Indonesien an Ethiopien huet Boeing eng "Grondsazeenegung" erreecht.
© AFP

Am Prozess iwwer zwou Boeing-Maschinnen, déi erofgefall sinn a woubäi 346 Leit viru méi wéi fënnef Joer gestuerwe sinn, huet de Fligerbauer no eegenen Aussoen eng Eenegung mam US-Justizministère fonnt. Et wier eng “Grondsazeenegung” erreecht ginn, sou Boeing. De Geriichtsënnerlage vum US-Bundesstaat Texas no huet d’Firma zouginn, bei der Zertifizéierung vun dëse Fligeren d’USA bedrunn ze hunn.

Beim Eroffalen am Oktober 2018 an Indonesien an am Mäerz 2019 an Ethiopien sinn insgesamt 346 Leit gestuerwen. De Justizministère hat ugekënnegt, dat Boeing nees strofrechtlech verfollegt kéint ginn, well si en Ofkommes vun 2021, fir Ermëttlungen anzestellen, verletzt hätten.

Déi aktuell Eenegung gesäit vir, dat Boeing eng Geldstrof vu ronn 420 Milliounen Euro an d’Sécherheetsprogrammer investéiert.

D’Famillje vun den Affer waren iwwer d’Eenegung “immens enttäuscht”, sou hiren Affekot Robert Clifford. Hien erkläert, datt Boeing ëmmer nach “Profitter iwwer d’Sécherheet stellt”. D’Famillje wäerten awer froen, den Deal ze refuséieren, sou den Affekot.

Rezent technesch Problemer bei de Boeing-Maschinnen hunn zousätzlech fir Onsécherheet gesuergt. Ufanks des Joers ass bei enger Boeing-737 MAX 9 vun Alaska Airlines wärend dem Fluch en Deel vun der Kabinn gebrach, wouropshin de Fliger noutlande misst. D’FAA (Federal Aviation Administration) huet doropshin e provisorescht Fluchverbuet fir d'737-MAX-Maschinnen ordonéiert.

Back to Top
CIM LOGO