
Dëse steet zanter engem Tëschefall am Januar ënner Beobachtung vun der amerikanescher Loftfaart-Autoritéit FAA. Deemools hat sech bei engem Fluch vun enger Boeing 737 MAX 9 vun Alaska Airlines en Deel vum Fliger geléist.
Boeing bezilt 4,7 Milliarden Dollar fir Spirit Aerosystems. Well den Zouliwwerer Scholden an Héicht vun 3,6 Milliarden Dollar huet, klammen d’Käschte fir Boeing am Ganzen op 8,3 Milliarden Dollar. Dat huet de Fliger-Produzent e Méindeg matgedeelt.
Boeing selwer hat Spirit Aerosystems am Joer 2005 gegrënnt, fir Deeler vun der Fliger-Produktioun auszelageren. Zanterdeem ass Boeing de gréisste Client vu Spirit. Béid Säiten haten ugangs Mäerz matgedeelt, dass ee Gespréicher féiere géif, fir Spirit nees a Boeing ze integréieren.
Wéi den Direkter vu Boeing Dave Calhoun e Méindeg matgedeelt huet, wier ee beim Fligerproduzent der Meenung, dass d’Reintegratioun dozou féiere wäert, dass déi eenzel Produktiounsschrëtt nees besser openeen ofgestëmmt wieren. Dat besonnesch am Hibléck op Sécherheet a Qualitéit.
Well Spirit iwwerdeems och e wichtegen Zouliwwerer fir Airbus ass, hat den Direkter vum europäesche Fligerproduzent Guillaume Faury Enn Abrëll erkläert, dass ee sech eng potenziell Iwwernam vu Spirit duerch Boeing genee géif ukucken. Et wéilt een net, dass ee bei der Zouliwwerung vu wichtegen Deeler op säin eenzege Konkurrent ugewise wier. Dowéinst gouf bei der Iwwernam duerch Boeing festgehalen, dass verschidde Wierker vu Spirit, an deenen Deeler vum Airbus A350 hiergestallt ginn, fir e symboleschen Dollar un Airbus iwwerginn. Ausserdeem bezilt Spirit Airbus eng Entschiedegung vu 559 Milliounen Dollar.