GroussbritannienBoris Johnson annoncéiert neie Lockdown

RTL Lëtzebuerg
Vum 5. November bis den 2. Dezember soll den neie Confinement a Groussbritannien daueren.

Wéinst de villen Neiinfektioune goufen e Samschdeg nei Restriktiounen annoncéiert, déi dat gesellschaftlecht Liewe fir 1 Mount op Äis leeë wäerten.

De brittesche Premier huet ugekënnegt, dass d’Schoule wärend den nächste Wochen opbleiwe wäerten, ma d’Gastronomie muss hir Dieren awer zoumaachen. Restauranten, Caféen a Baren dierfe keng Clientë méi empfänken. Et dierf just nach Take-away ugebueden oder Iessen Heem geliwwert ginn. Liewensmëttelgeschäfter an essentiell Butteker bleiwen op.

Boris Johnson: “Dir musst Doheem bleiwen!”

“Et ass elo Zäit, fir ze handelen, well et keng Alternativ gëtt”, sou den Johnson. De Coronavirus verbreet sech nach méi séier wéi am schlëmmsten Zenario vun hire wëssenschaftleche Beroder, huet hie betount. Kuerz virun der Usproch op der Tëlee hat Groussbritannien d’Schwell vun enger Millioun Infizéierten iwwerschratt, nodeems bal 22.000 Neiinfektioune bannent engem Dag gemellt goufen. 46.000 Persoune sinn zanter Mäerz um oder mam Virus gestuerwen.

Bis ewell hat de Premierminister en zweete Lockdown refuséiert. Zanter Deeg hate seng Beroder hien awer gewarnt, dass d’Moossnamen net méi géingen duergoen, fir d’Verbreedung vum Coronavirus anzedämmen.

A Schottland, Wales an Nordirland haten déi national Regierunge schonn en Deel-Lockdown verhaangen.

Back to Top
CIM LOGO