GroussbritannienBoris Johnson nennt Impfgéigner "verréckt"

RTL Lëtzebuerg
"Elo ginn et all déi Impfgéigner. Déi si jo verréckt." sot de brittesche Premier, wéi hien e Spidol am Oste vum Land besicht huet.
De Boris Johnson an engem Spidol an Ost-London.
De Boris Johnson an engem Spidol an Ost-London.
© AFP

Groussbritannien ass am Gaangen, e Programm fir Grippeimpfung auszeschaffen a mécht och scho massiv Reklamm, datt d’Leit sech ebe géint d’Gripp sollen impfe loossen.

Dëst mécht een, well ee fäert, datt eng schwéier Grippesaison zesumme mat enger weider Coronawell de Gesondheetssystem iwwerfuerdere kéint. Dem Plang vum Gesondheetsministère no solle sech iwwer 30 Millioune Leit impfe loossen. Fir déi potentiell Personnes à risque, also Leit mat Virerkrankungen, eeler Leit a Kanner, soll d’Impfung gratis sinn.

Experten hu gewarnt, datt an enger zweeter uerger Well vum Cornavirus eleng a Groussbritannien 120.000 Leit an de Spideeler stierwe kéinten, wa si net séier genuch behandelt ginn. Mat iwwer 296.000 Corona-Fäll a 45.500 Doudesaffer zielt Groussbritannien zu de bis ewell am schwéierste betraffene Länner op der Welt.

D’Anti-Impf-Beweegung huet an de leschte Joren, a grad och elo an der Corona-Pandemie, massiven Zoulaf kritt, grad online. Eng vun den heefegste Corona-Verschwierungstheorie behaapt jo, datt an den normalen Impfungen de Coronavirus dran ass an eng aner seet, datt de Coronatest och op d’Grippeimpfung géif reagéieren.

Back to Top
CIM LOGO