Am nigerianesche Makun gouf et e Méindeg en Autosaccident, bei deem zwee Mënschen ëm d’Liewe komm sinn. Den Auto, an deem och den Anthony Joshua souz, war an ee Camion gerannt, deen op der Säit vun der Strooss stoung. De bekannte Box-Star souz dobäi op der Réckbänk a koum mat liichte Blessuren dervun. Op Videoen op der Plattform X ass ze gesinn, wéi hie kuerz nom Accident vun de Leit gehollef kritt.
Den zweefache Schwéiergewiicht-Weltmeeschter Anthony Joshua hat nach virun enger Woch de Kampf géint den Influencer Jake Paul gewonnen. Elo wollt de 36 Joer ale Boxer mat brittesch-nigerianesche Wuerzele Vakanz a senger zweeter Heemecht maachen. Iwwert säi geneeë gesondheetlechen Zoustand an eventuell Blessuren ass aktuell nach näischt gewosst.