Protester a VenezuelaBrasilien a Kolumbien fuerderen Neiwalen

RTL Lëtzebuerg
No der internationaler Kritik un der Walvictoire vum venezuelanesche President Maduro hu Brasilien a Kolumbien Neiwale gefuerdert.
Den Nicolas Maduro, venezuelanesche President
Den Nicolas Maduro, venezuelanesche President
© AFP

Wann de Maduro “gesonde Mënscheverstand huet, kéint hie probéieren, un d’Mënschen a Venezuela z’appelléieren a vläicht souguer Walen auszeruffen”, sot de brasilianesche President Lula en Donneschdeg. Wärenddeem huet dat venezuelanescht Parlament e Gesetz zu der Reguléierung vun Net-Regierungsorganisatiounen decidéiert.

D’Walautoritéit a Venezuela hat hien jo trotz internationaler Kritik a Bedruchsreprochë vun der Oppositioun offiziell zum Gewënner vun der Presidentschaftswal vum 28. Juli erkläert. No der Wal war et zu massive Maniffe komm, bei deenen dem Parquet no eng 25 Mënschen ëm d’Liewe koumen an 2.400 Demonstrante festgeholl goufen.

Eng Rei Länner, dorënner d’USA, Peru an Argentinien hunn an den Deeg nom Vott offiziell den Oppositiounskandidat Edmundo González Urrutia als Gewënner vun der Wal unerkannt. D’EU huet dat bis ewell net gemaach, huet d’Unerkennung vun der Victoire vum Maduro awer refuséiert.

De brasilianesche President Lula hat de Maduro en Donneschdeg opgefuerdert, virun Neiwalen “Krittäre fir d’Participatioun vun alle Kandidaten” festzeleeën a “Wal-Iwwerpréiwer aus der ganzer Welt zouzeloossen”, fir d’Rechtméissegkeet vun der Wal ze garantéieren. “Hie weess, datt hien der brasilianescher Communautéit an der Welt eng Erklärung schëlleg ass”, huet de Lula nach betount.

De kolumbianesche President Gustavo Petro huet iwwerdeem op der Plattform X dozou opgeruff, “nei, fräi Walen” ofzehalen. Donieft ass hien dofir, iwwergangsweis eng “Kohabitatiounsregierung” anzesetzen, all d’Sanktioune géint d’Maduro-Regierung opzehiewen an eng “allgemeng national an international Amnestie”. De Lula an de Petro haten e Mëttwoch iwwer Telefon iwwer eng “politesch Léisung” fir d’Kris a Venezuela beroden. Brasilien a Kolumbien féieren eng diplomatesch Relatiounen zum Maduro.

Back to Top
CIM LOGO