
Dowéinst gëtt de Stroosseverkéier am Stadzentrum wärend der Corona-Kris anescht gereegelt. De sougenannte “Pentagon” dierf elo komplett vun de Passante benotzt ginn, net just d’Trottoiren. An och Vëlosfuerer dierfe sech iwwert méi Plaz freeën. Autoen, Busser, Camionen an d’Stroossebunn hunn elo net méi Virrang a mussen op Mënsch a Vëlo oppassen. Héchstens 20 Stonnekilometer sinn an der belscher Haaptstad erlaabt.
Virun allem am banneschte Réng ëm d’Alstad sinn d’Trottoire schmuel. Wann Autoen op de Stroossen ënnerwee sinn, ass et deels onméiglech, 1,50 Meter Ofstand tëscht de Foussgänger anzehalen.
No 3 Méint soll dës Reegelung evaluéiert ginn. Et wier keng Entscheedung, déi sech géint d’Autosfuerer riicht, betount d’Spriecherin vum Bréisseler Buergermeeschter Philippe Close DPA géintiwwer. Et wéilt ee just e sécheren Ofstand tëscht den Awunner garantéiere kënnen.
