Campagne géint IwwergewiichtBritte ginn animéiert, virun zweeter Corona-Well ofzehuelen

RTL Lëtzebuerg
D'brittesch Regierung investéiert 11 Milliounen Euro an eng Campagne, fir d'Awunner z'encouragéieren, virun der nächster Well e puer Kilo ze verléieren.

A Groussbritannien si ronn 63 Prozent vun allen Erwuessenen ze déck. Dat geet aus engem Rapport vun de Gesondheetsautoritéiten ervir. Ze vill Kiloen op de Rëpper kënne vill Krankheete fërderen. Experten no wier de Risiko, um Coronavirus ze stierwen, deemno och méi héich. Wëssenschaftler rechnen am Hierscht mat enger zweeter Infektiounswell a Groussbritannien.

Wéi genau dës Campagne ausgesäit, gëtt e Méindeg am Detail matgedeelt. Op Wäifläschen a Béierbéchse sollen an Zukunft d’Kalorië stoen a Reklamme fir Fast Food sollen eréischt spéit owes op der Tëlee gewise ginn. A Supermarchéen däerf et keng Prozenter méi op ongesonde Produiten ginn.

Back to Top
CIM LOGO