
Nodeems d’lescht Woch dräi Meedercher a Groussbritannien bei enger Messerattack ëm d’Liewe komm sinn, sinn déi rietsextreem Protester, zu deenen et an der Suite komm ass, antëscht a reegelrecht Ausschreidungen ausgeaart. Iwwer 250 Persoune goufen antëscht an deem Kontext festgeholl.
Déi brittesch Regierung huet fir e Méindeg den nationale Krisestaf “Cobra” aberuff. Schonn e Sonndeg hat de brittesche Premierminister Starmer vun der Labour-Partei en haart Duerchgräife géint d’Randaléierer annoncéiert a gesot, dass déijéineg, déi bei den Ausschreidunge matgemaach hätten, dat bereie géifen. No enger Krisesëtzung e Méindeg huet de Keir Starmer séier Konsequenzen annoncéiert. Ënnert anerem sollen déi penal Juridictioune méi Moyene kréien. Dobäi kommen eng Rëtsch aner Mesuren.
Nodeems d’lescht Woch bei enger Messerattack zu Southport dräi Meedercher ëm d’Liewe komm sinn, hu rietsextrem Gruppéierungen a Groussbritannien de Virfall instrumentaliséiert, fir géint Migranten ze hetzen. De Weekend goufen ënner anerem zwee Hoteller attackéiert, an deenen Asyldemandeuren ënnerbruecht sinn.