
Well wéinst der Coronavirus-Pandemie keng Ofschlossexame konnte gemaach ginn, hat den zoustännege Ministère d’Verdeele vun de Notten engem Computerprogramm iwwerlooss. Ma dobäi solle Schüler, déi souwisou scho gestruewelt hunn, nach méi schlecht ewech komm sinn.
D’Iddi dohannert soll gewiescht sinn, dass déi tendenziell ze positiv Aschätzunge vun de Proffen op en Duerchschnëttsniveau vun deene Jore virdrun erof gedréckt gëtt. Dofir gouf en Algorithmus benotzt, bei deem d’Schüler deels ëm bis zu dräi Punkte manner kritt hunn, wéi hir Proffe recommandéiert haten. Dat huet natierlech fir Frust a Roserei bei de Schüler gesuergt, déi dowéinst zum Deel d’Opnam-Critère fir hir Wonsch-Universitéit net méi erfëllt hunn.
De Weekend hat de Educatiounsminister Williamson dunn e Mechanissem agefouert, fir kënne Recours anzeleeën. Ma dee gouf kuerz drop vu sengem Ministère zum Deel erëm zeréckgeholl. D’Oppositioun schwätzt scho vun engem Fiasko an de Premier Boris Johnson misst d’Saach elo selwer an d’Hand huelen.