
Wéi et ausgesäit, huet den US-President Donald Trump dem brittesche Premier Keir Starmer am Sträit ëm seng eegen Aussoen eng kleng Friddensoffer gemaach. Genee geet et ëm d’Roll vun de britteschen Zaldoten, déi dës am Afghanistan gespillt hunn.
An der Woch nach waren et awer ganz aner Téin. An engem Interview mat Fox News hat den US-President nach gesot, datt d’Truppe vun den NATO-Alliéierten am Afghanistan d’Front evitéiert hätten. Dobäi sinn 457 Britten am Konflikt, deen duerch d’Attacke vum 11. September op d’World Trade Center an de Pentagon an den USA entstanen ass, hiert d’Liewe gelooss. De Keir Starmer hat d’Aussoe vum US-President als “appalling” also “entsetzlech” bezeechent.
Elo ruddert den US-President nees zeréck. “Déi groussaarteg a ganz couragéiert Zaldoten aus dem Vereenegte Kinnekräich wäerten ëmmer mat den USA sinn”, esou den Trump op Truth Social. “Am Afghanistan sinn der 457 gestuerwen a vill schwéier verwonnt ginn. A si waren ënnert de Beschte vun all den Truppen. Dat ass eng Unitéit, déi ze staark ass, datt si jee kéint gebrach ginn”, steet do weider ze liesen.