Nei Restriktiounen an DäitschlandBundeslänner proposéiere Verlängerung vum Lockdown bis nom 20. Dezember

RTL Lëtzebuerg
Vum 1. Dezember un Homeschooling fir Universitéiten an Héichschoulen an ënnert anerem méi eng streng Maskeflicht doheem an op der Schaff.

E Mëttwoch gesi sech d’Ministerpresidente vun de Bundeslänner, zesumme mat der Bundeskanzlerin, fir iwwert weider Mesure géint d’Pandemie ze beroden. Dem Noriichtesender n-tv läit en Aarbechtsdokument vun de Ministerpresidente vir, an deem ervirgeet, dass den Deel-Lockdown bis den 20. Dezember, an eventuell och doriwwer eraus soll verlängert ginn.

Am Aarbechtspabeier heescht et, dass wann d'7-Deeg-Inzidenz den 20. Dezember net ënnert de 50 Neiinfektioune pro 100.000 Awunner läit, dann d’Moossname jeeweils ëm 14 Deeg verlängert ginn, bis dee Wäert kloer no ënnen tendéiert. Länner, bei deenen den Inzidenz-Wäert scho virum 20. Dezember ënner 35 läit, kënne schonn éischter aus dem Deel-Lockdown eraus.

D’Virlag gesäit awer och Ausname fir d’Chrëschtdeeg a Silvester vir. Deemno solle Famillen awer am klenge Krees kënnen zesummekommen, dat wier wichteg fir de familiären a gesellschaftlechen Zesummenhalt. Iwwert déi genee Zuel vu Leit, déi sech gesinn däerfen, muss e Mëttwoch awer nach diskutéiert ginn... rieds ass vun tëscht 5 an 10 Persounen. Och den Zäitraum fir dës Ausnamen ass nach net fix. Geplangt ass et vum 21. bis 27. Dezember. Et ginn awer och Diskussiounen, dass et bis den 3. Januar, also och fir Silvester nach kéint gëllen.

D’Bundeslänner schéine sech allerdéngs driwwer eens ze sinn, dass op Silvester kee Freedefeier erlaabt ass. Domat ginn d’Rettungsdéngschter entlaascht an et gëtt och evitéiert, dass sech Gruppe vu Leit fir sou e Freedefeier versammelen.

Grondsätzlech sollen d’Schoulen opbleiwen, eng Maskeflicht kéint awer a verschiddene Schoulen agefouert ginn, wann et ze vill Infektioune ginn an deene Bundeslänner. Och Hybrid-Reegelunge mat Homeschooling kéinte jee no Bundesland agefouert ginn.

Vum 1. Dezember u sollen dës nei Restriktioune gëllen:

- privat däerf ee just nach laut aus dem eegene Stot treffen, plus vun engem weidere Stot, ma op alle Fall maximal 5 Persoune beieneen. Kanner ënner 14 Joer ginn net matgezielt.

- Et gëllt méi eng streng Maskeflicht, an zouene Raim, wou ëffentlech zougänglech sinn oder wou Clienten an an aus ginn. Och dobausse gëllt Maskeflicht, wann d’Leit den néidegen Ofstand net anhale kënnen.

- Maskeflicht gëllt och op der Aarbechtsplaz, do wou 1m5 Distanz net kënnen agehale ginn.

- Universitéiten an Héichschoule sollen op Home-Schooling ëmstellen

- Betriber ginn opgeruff, tëscht dem 21. Dezember an dem 3. Januar zouzemaachen, oder op d’mannst gréisstméiglech op Home-Office ëmzestellen.

Back to Top
CIM LOGO