
Duerch de staarke Wand goufen d’Bränn am Südweste vu Frankräich relancéiert. Géint 2 Auer an der Nuecht op e Méindeg war och e Feier um Camping zu Canet-en-Roussillon ausgebrach. Déi ronn 3.000 Touristen hu missen evakuéiert ginn. E Vakanzenhaischen ass ofgebrannt. Weider Chaleten an ee Camper goufe beschiedegt. Véier Zivilisten, zwee Pompjeeën an e Polizist goufe blesséiert.
Géint 4.30 Auer war d’Feier ënner Kontroll an 2.500 Persoune konnten nees an hir Camperen a Chaleten zeréck. Déi aner 500 Touriste goufen an engem Gebai vun der Stad ënnerbruecht.
Och zu Frontignan bei Montpellier hunn iwwert de Weekend e puer Dosen Haiser missen evakuéiert ginn. D’Feier ass entretemps ënner Kontroll. Et goufen awer 350 Hektar Bësch zerstéiert.
Am Asaz si ronn 300 Pompjeeën, well duerch de staarke Wand ëmmer nees Flamen opkommen. De Rettungsdéngscht hätt och privat Piscinnen eidel gemaach fir d’Feier ze läschen, wéi d’Autoritéite mellen.