Am Verglach mat 3 WanterenChef vum ukrainesche Gasversuerger warnt virum schrooste Wanter zanter dem Ufank vum Krich

AFP
Die Ukraine steht nach Aussage des Chefs des staatlichen Gasversorgers Naftogaz möglicherweise vor dem härtesten Winter seit Beginn des russischen Angriffskriegs.
Die Ukraine steht nach Aussage des Chefs des staatlichen Gasversorgers Naftogaz möglicherweise vor dem härtesten Winter seit Beginn des russischen Angriffskriegs.
© AFP

Wéi de Chef vum staatleche Gasversuerger Naftogaz mellt, wäert den Ukrainer deen häertste Wanter zanter dem Ufank vum russeschen Ugrëffskrich bevirstoen. Am Verglach mat den dräi Wanteren zanter Februar 2022 géif déi kal Joreszäit dëst Joer méi uerg ausfalen, sou de Serhij Koretskyj géintiwwer der Noriichtenagence AFP an engem Interview, dee lescht Woch geféiert gouf.

D’Ugrëff wieren dëst Joer méi schro ausgefall an hätten donieft méi fréi ugefaangen, erkläert de Koretskyj. D’Zerstéierung an d’Verloschter bei der ukrainescher Gasversuergung wier eminent. D’Kapazitéiten nees un d’Goen ze kréien, wier zäitopwänneg.

Virum Krich war d’Ukrain an der Lag, bal 80 Prozent vum Gasbedarf duerch heemesch Fërderung ofzedecken. Am Joer 2025, sou de Koretskyj, wäert d’Fërderung vu Gas “däitlech ënnert” den 13,9 Milliarde Kubikmeter leien, déi am Joer virdru produzéiert goufen. D’russesch Ugrëff hätte Schied vun ongeféier 1,1 Milliard Dollar (ëmgerechent ronn 950 Milliounen Euro) um ukrainesche Gasreseau verursaacht. D’Reparaturaarbechten un e puer Anlage géif bis zu zwee Joer daueren, well dofir speziell ugefäerdegt Stécker aus Europa an den USA gebraucht ginn.

Russland huet, zanter d’Land d’Ukrain viru geschwë véier Joer ugegraff huet, ëmmer nees Energieinfrastrukturen attackéiert. Dëst Joer huet Moskau seng Ugrëff op d’ukrainesch Gasinfrastruktur erweidert. AFP-Analysen aus Statistike vun der ukrainescher Loftwaff no huet Russland an de leschte Méint eng Rekordzuel un Dronen a Rakéiten op d’Ukrain ofgefeiert.

Den Naftogaz-Chef sot, et wier “onméiglech”, e puer vun de Gasanlage vum Land viru russesche Rakéiten ze schützen. Hien huet besonnesch drop verwisen, dass d’russesch Arméi den ukrainesche Gasreseau mat Marschfluchkierper oder ballistesche Rakéiten an d’Viséier hëlt. D’ukrainesch Loftofwier deet sech schwéier, dës ofzefänken.

Back to Top
CIM LOGO