Méiglech KrichsverbriechenChefprocureur vum Internationale Strofgeriichtshaff fir Gaza-Ermëttlungen

RTL Lëtzebuerg
De Karim Khan setzt sech aktuell dofir an, datt Ermëttlungen opgeholl solle ginn, wéinst méigleche Krichsverbrieche vu béide Parteien am Gaza-Krich.
Frënn a Famill traueren ëm israeelesch Zaldoten, déi am Krich gefall sinn.
Frënn a Famill traueren ëm israeelesch Zaldoten, déi am Krich gefall sinn.
© Photo by Tomer APPELBAUM / AFP

“Mir mussen weisen, datt d’Recht un alle Frontlinnen herrscht an datt et an der Lag ass jiddereen ze schützen”, esou heescht et an enger Erklärung. De Khan war an de leschten Deeg an an den israeeleschen a palästinensesche Regiounen ënnerwee. E Samschdeg hat hie sech mam Palästinenser President Mahmud Abbas getraff.

Frënn a Famill traueren ëm Zivilisten, déi an der Gazasträif ëmkomm sinn.
Frënn a Famill traueren ëm Zivilisten, déi an der Gazasträif ëmkomm sinn.
© Photo by SAID KHATIB / AFP

Back to Top
CIM LOGO