
China huet anscheinend essentiell Infoen iwwer den Coronavirus zeréckgehalen. Nei Recherchë weisen elo, dass d’Welt vill méi fréi hätt kënnen iwwer d’Gefore vum Virus opgekläert ginn. Bei der Weltgesondheetsorganisatioun hätten et scho méi laang Zweiwel un der offizieller Versioun vu Peking ginn. Wéi d’Noriichtenagence AP mellt, hätten déi chinesesch Autoritéiten Deeg laang detailléiert Wëssen iwwer den genetesche Code vum Virus gehat, mat deem Tester, Medikamenter an Impfstoffer hätte kéinten entwéckelt ginn. Informatiounen iwwer de Sars-Cov-2 wäre streng kontrolléiert ginn, och well privat a staatlech Laboe matenee konkurréiert hätten.
D’WHO muss sech awer kënnen op Informatioune vu senge Membere verloossen, déi sech duerch internationaalt Recht dozou verflichten, fir relevant Donnéeë virunzeginn.
Den amerikanesche President Donald Trump huet d’Zesummenaarbecht mat der Weltgesondheetsorganisatioun jo offiziell gekënnegt, well senger Meenung no d’WHO mat China zesummegeschafft hätt, fir d’Ausmooss vun der Epidemie ze verschleieren. D’WHO war also dëse Recherchen no och am Donkelen.
Den neie Coronavirus gouf fir d’éischte Kéier den 2. Januar decodéiert. Den 30. Januar huet d’WHO den weltwäiten Noutstand ausgeruff. An Tëschenzäit huet sech de Virus ëm dat 100-200-facht verbreet.
