Tokio erhieft VirwërfChineesesch Militärfligere solle japanesch Kampfjetter viséiert hunn

AFP
Iwwersat vun RTL Lëtzebuerg
D'Tensiounen tëscht China a Japan verschäerfe sech.
© KAZUHIRO NOGI/AFP

Tokio mellt, chineesesch Militärfliger hätte japanesch Kampfjetter mat engem spezielle Radar fir Zilverfollgung an d’Viséier geholl. Japan schwätzt vu geféierlechen a bedauerleche Virfäll an huet offiziell bei China protestéiert. China, virop déi chineesesch Marinn, huet d’Reprochen dementéiert.

Insgesamt geet et ëm zwee Virfäll vun e Samschdeg südëstlech vun der Insel Okinawa: Dem japaneschen Defenseministère no hätt e chineeseschen Jet vum Typ J-15 e japanesche Kampffliger widderhuelt mat sengem Radar erfaasst. De japanesche Fliger war ënnerwee, well e gemellt krut, datt de chineeseschen Jet an de japanesche Loftraum agedronge wier. Den zweete Virfall wier zwou Stonnen duerno geschitt. Och hei huet e chineesesche Kampfjet e japaneschen an d’Viséier geholl. De Radar déngt dozou, Ziler, déi sech beweegen, am Viséier ze halen an op se ze schéissen. Modern Fliger kënnen erkenne wa se vun engem anere Fliger mat esou engem Radar an d’Viséier geholl ginn.

Hannergrond vun den aktuellen Tensiounen tëschent Japan a China ass, dass d’japanesch Ministerpresidentin Takaichi virun engem Mount gesot hat, dass Japan säi Recht op Selbstverteidegung notze géif, sollt China Taiwan ugräifen. China hat doropshi mat Rees-Warnungen, annuléierte Vollen an Importverbueter fir japanesch Fruits de mer reagéiert.

Back to Top
CIM LOGO