
E Grupp vun 8 chinesesche Fuerscher ass um Mëttwoch um Sommet vum Mount Everest ukomm, fir seng wierklech Héicht ee fir allemol ze determinéieren. Fir d’lescht hunn d’Chinesen de Bierg 2005 gemooss - deemools si se op 8.844,43 Meter komm. Do ass de Schnéi an d’Äis awer NET mat agerechent.
Den Nepal op där anerer Säit vum Bierg huet awer decidéiert de Schnéi an d’Äis matzerechnen. Fir si ass de Mount Everest dofir och 4 Meter méi héich.
D’Wëssenschaftler froe sech awer och, op Äerdbiewen an der Regioun net kéinten en Impakt op d’Héicht vum Bierg gehat hunn, notamment e staarkt Äerdbiewen 2015 am Nepal.
Wéini mat Resultater vun der Expeditioun ze rechnen ass, ass nach net kloer. Déi zwee Nopeschlänner haten awer schonn decidéiert, déi offiziell Héicht vum Mount Everest zesummen z’annoncéieren.
Et ass déi éischte Kéier, datt Mënschen d’Spëtzt vum héchste Bierg vun der Welt areechen, zanterdeem den neiaartege Corona-Virus d’ganz Welt op d’Kopp gestallt huet. China an Nepal haten am Mäerz sämtlech Expeditiounen ofgesot.