
De Manfred Weber vun der EVP huet den däitsche Bundeskanzler Scholz an de franséische President Macron op alle Fall schonn opgefuerdert, eng zweet Amtszäit vun der von der Leyen als Cheffin vun der EU-Kommissioun ze ënnerstëtzen. Am Deutschlandfunk sot hien e Méindeg de Moien, et géif een de Sozialdemokraten an de Liberalen d’ausgestreckt Hand ubidden an et géif een elo op e Retour waarden. An och d’Ursula von der Leyen selwer huet e Méindeg de Moie schonn éischt Gespréicher mat béide Lager annoncéiert, nodeems si e Sonndeg den Owend schonn zouversiichtlech iwwert d’Resultat vun der EVP war.
Zweetstäerkste Partei bleiwen d’Sozialdemokrate mat 139 Mandater. De Spëtzekandidat Nicolas Schmit huet betount, datt eng Koalitioun ouni si net méiglech wier.
Déi Liberal sinn iwwerdeems drëttstäerkste Partei, falen allerdéngs vun 102 op 80 Sëtz.
En Dënschdeg sollen d’Fraktiounspresidente fir eng éischt offiziell Sëtzung zesummekommen, huet d’Presidentin vum Europaparlament Roberta Metsola annoncéiert. An den nächste Wochen da wäerten d’Fraktiounen eng Majoritéit forméiere mussen, fir un engem politesche Programm ze schaffen. D’parlamentaresch Aarbecht géif elo ufänken, esou d’Roberta Metsola, déi e Sonndeg all de Wieler Merci gesot huet fir hiert Vertrauen.
De 16. Juli ass eng Sëtzung zu Stroossbuerg, wou dat neit Parlament designéiert gëtt. An eng vun den éischten Aufgabe vum neie Parlament ass et dann, den oder d’Kommissiounspresident(in) ze wielen. Bis dohi wäerten deemno elo mol vill Gespréicher hannert de Kulisse lafen.