Invité vun der Redaktioun SPEZIAL (26. Januar)Christophe Bumb vum "Reporter" an den David Marques vum "Quotidien"

Annick Goerens
En Méindeg de Moien kucke mer am "Invité vun der Redaktioun SPEZIAL" op d'Auswierkunge vun der aktueller Politik vun den USA.

Venezuela, Grönland, Iran. Et wierkt, wéi wann den Donald Trump der ganzer Welt de Krich erkläert. Wat bedeit déi amerikanesch Sécherheetsstrategie fir déi transatlantesch Relatiounen? Wéi muss d’EU reagéieren? A wéi eng Chancen oder Risiken entstinn doduerch fir kleng Demokratie wéi Lëtzebuerg?

Doriwwer schwätzen mer e Méindeg de Moien eppes no 8 Auer an eiser Emissioun “Invité vun der Redaktioun SPEZIAL”. Invitéiert sinn de Christophe Bumb vun der Online-Plattform Reporter an den David Marques vum Quotidien.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO