GeriichtsurteelCNN, MS NOW a Politico nees an d'Wäisst Haus gelooss

AFP, iwwersat vun RTL
Nom Hausverbuet duerch den Donald Trump duerften déi dräi gespaart Medien nees an d'Wäisst Haus eran.

Nodeems d'Journaliste vu CNN, MS NOW a Politico sechs Deeg laang den Accès an d'Wäisst Haus verspäert kruten, konnte si en Donneschdeg nees eran. Virdrun hat de Secret Service si en Donneschdeg de Moien trotz Geriichtsurteel op en Neits ofgewisen. Eréischt géint Mëtteg goufen d'Reporter dann eragelooss.

E Bundesgeriicht hat d'Hausverbuet, dat den Donald Trump ausgeschwat hat, e puer Stonne virdrun opgehuewen an ugeuerdent, datt d'Journaliste virop fir 14 Deeg nees an d'Wäisst Haus dierfen. Nom Refus en Donneschdegmoien hu CNN, MS NOW a Politico eng urgente Auditioun gefrot. Méi spéit hu CNN an MS NOW matgedeelt, datt hir Reporter nees eran dierfen. D'Wäisst Haus huet erkläert, datt dat och fir Politico gëlle géing.

Nom Retour hunn déi aner Medien op der Opfaart fir bei d'Wäisst Haus d'Zelt vu CNN an d'Reporterin Betsy Klein bei enger Live-Schalt gefilmt a si mat "Wëllkomm zréck" begréisst.

Dem Bundesriichter Timothy Kelly no géing et Zweiwel doru ginn, ob d'Hausverbuet net géint d'Verfassung verstéisst. Den Entzuch vun den Akkreditéierunge géing wuel géint "verfassungsméisseg Rechter" vun de Journaliste verstoussen. Déi allgemeng Reegel wier, "datt Eenzelpersounen informéiert ginn an d'Méiglechkeet op Auditioun kréie mussen, éier d'Regierung hinnen e verfassungsméissegt Recht entzitt".

E Freideg hat den Trump op Truth Social erkläert, datt Reporter vu CNN, MS NOW a Politico "mat direktem Effet" den Zoutrëtt an d'Wäisst Haus verbuede gëtt. Hien huet deenen dräi Medie "Falschinformatioune" reprochéiert a vun enger "Gefor fir déi national Sécherheet" geschwat. D'Medienhaiser hunn doropshi mat Bléck op d'Pressefräiheet geklot.

Den US-Justizministère huet argumentéiert, datt de President den Zougang vu Journalisten zu geschützte Beräicher wéi dem Oval Office kontrolléieren dierft. "Den Zougang zum Wäissen Haus ass e Privileeg - kee Recht."

Back to Top
CIM LOGO