Live an der SendungCNN-Reporter kommen d'Tréine vun Erliichterung

RTL Lëtzebuerg
Kuerz nodeems d'Chaîne CNN d'Victoire vum Joe Biden publizéiert hat, hu Reporter d'Resultat kommentéiert. Ee vun hinnen ass ganz emotional ginn.
© Screenshot

No 4 Joer US-Presidentschaft vum Donald Trump huet d’Erliichterung iwwert d’Noriicht vun der Victoire vum Joe Biden ee politesche Kommentator vun der Chaîne CNN, Van Jones, zu Tréine geréiert.

“Dat ass eng grouss Saach fir eis, nëmme fir e bësse Fridden fannen ze kënnen an d’Chance op een Neistart ze hunn”, sou den Afro-amerikaneschen Tëlee-Kommentator. D’Noriicht wär eng Genugtuung fir vill Leit, déi gelidden hätten. “Dat ass ee gudden Dag fir eis Land”, sou den Jones ënner Tréinen.

Den Jones huet vun engem wuessende Rassismus am Land geschwat. “Du gees an e Geschäft a Leit, déi Angscht haten, hire Rassismus ze weisen, ginn ëmmer méi eekeleg mat dir. An du hues Angscht ëm deng Kanner, hues Angscht ëm deng Schwëster”, sou nach den Jones.

Den 52 Joer ale Politikwëssenschaftler gëtt bei CNN seng Aschätzungen zu politeschen Themen of a war och wärend de Walen heefeg am Asaz.

© RTL-Grafik

Back to Top
CIM LOGO