
Den Zentralrot vun de Judden an Däitschland ass besuergt iwwer antisemittesch Verschwörungstheorien am Zesummenhang mat der Corona-Pandemie. De President vum Zentralrot, Josef Schuster, sot der “Welt am Sonntag": “Corona ass eendeiteg e Katalysator fir Verschwörungsmythen a fir Antisemitismus.”
Jiddereen, deen un enger Demonstratioun géint d’Corona-Politik vun der Regierung deelhëlt, muss kucken, “mat wiem e sech do verbënnt an um Enn och dofir riichtstoen”. D’Verschwörungstheorien, déi sech domadder befaassen, wie fir d’Pandemie verantwortlech ass, erënneren de President “un d’Mëttelalter, wéi et geheescht huet, d’Judde wäre Schold um Ausbroch vun der Pescht”.
“Ëmmer dann, wa sech eng Bedroung net faasse léisst, riicht sech e béise Bléck op d’Minoritéiten”, sou nach de Schuster.
Fir hien ass et ganz schlëmm, datt sech verschidde Corona-Demonstranten mat der Situatioun vun de Judden wärend dem Nationalsozialismus vergläichen. Kee Bierger hätt zanter dem Ufank vun der Kris net an Usätz d’Verfolgung erlieft, déi Judden tëscht 1933 an 1945 erlieft hunn.
