
Et sollt de Comeback no der éischter Corona-Well si fir d’Schëff. Ma d’Roald Amundsen bleift elo mol am Hafen am norwegeschen Tromsø, nodeems de Coronavirus ënnert dem Equipage nogewise gouf.
Ënnert de 36 betraffene Crew-Membere sinn der 33 aus de Philippinnen, een däitsche Staatsbierger, een aus Frankräich an een aus Norwegen. Aktuell wieren 154, vun am Ganzen 158 Crew-Memberen um Schëff. 120 Tester waren negativ, 5 anerer mussen nach getest ginn. Kee vun de positiv geteste Persoune géif Symptomer weisen.
Sämtlech Passagéier, och déi, déi vum 17. bis de 24. Juli op 2 anere Route mat der Roald Amundsen ënnerwee waren, goufen opgekläert. Den Ament sinn deemno am Ganzen 380 Leit a Quarantän gesat ginn.
D’Croisièresschëff hätt e Freideg am Nomëtteg sollen a Séi stiechen, ma schonn e Freideg de Moie goufen déi éischt Infektioune gemellt. D’Rees direkt annuléiert. Sämtlech geplangte Reesen mat der Roald Amundsen, an de Schëffer “Fridtjof Nansen” a “Spitzbergen"goufen ofgesot.