ÉisträichCorona-Hotspot St. Wolfgang nees ënner Kontroll

RTL Lëtzebuerg
Dës Woch gouf an der Tourismus-Regioun St. Wolfgang nëmmen een neie Fall gemellt.

Den Aschätzunge vun den Autoritéiten no hätt een d’Verbreedung vum Coronavirus op där Plaz agedämmt an nees ënner Kontroll. Wéi d’Krisencellule vum Bundesland Oberösterreich ugangs der Woch matgedeelt huet, ass d’Zuel vun allen Infizéierten zu St. Wolfgang op 79 geklommen. D’Zuel vun de concernéierte Betriber bleift bei 18, déi meescht positiv Fäll goufen et an der Hotellerie a Gastronomie. En Donneschdeg sollen d’Testresultater vu 400 Employéë virleien.

Bis den 9. August mussen d’Lokaler hir Dieren um 23 Auer owes zoumaachen. Am Rescht vum Land um 1 Auer an der Nuecht. Touristen, déi Heem fueren, musse bei hirem Depart hir Kontaktdaten hannerloossen, fir am Fall vun enger Infektioun ugeruff ze ginn.

An Éisträich ginn et den Ament iwwer 1.400 aktiv Infektiounen, 23 Persoune leien den Ament op der Intensivstatioun.

Back to Top
CIM LOGO