Pharmakonzern ModernaCorona-Impfstoff soll bis zu 94,5% wierksam sinn

RTL Lëtzebuerg
Nodeems Biontech/Pfizer als éischt eng Wierksamkeet vun iwwer 90% annoncéiert haten, huet Moderna en änlecht Resultat bei hirem Vaccin ugekënnegt.

An der 3. Phas vun der klinescher Etüd hätt hiren Impfstoff-Kandidat d’statistesch Krittäre mat enger Wierksamkeet vun iwwer 94% erfëllt, erkläert Moderna. Dat geet aus enger Tëschenanalys ervir. Ronn 30.000 Mënsche goufen am Kader vun dëser Phas getest.

Bannent den nächste Woche wëll Moderna eng Demande bei der FDA areechen, fir dass de Vaccin zougelooss gëtt.

De Moderna-Chef Stéphane Bancel huet vun engem “entscheedende Moment” bei der Entwécklung vum Corona-Impfstoff geschwat. “Déi positiv Tëschenanalys vun eiser Phas-3-Studie hätt eis den éischte klinesche Beweis dofir ginn, dass eise Vaccin eng Corona-Infektioun, och mat schwéierem Krankheetsverlaf, verhënnere kann”, huet hien erkläert.

Donieft huet Moderna drop verwisen, dass am Géigendeel zu aneren Impfstoff-Kandidaten hire bei normale Frigo-Temperature méi laang ka gelagert ginn, wéi ugangs ugeholl. Bei Temperature vun 2-8 Grad Celsius bleift d’Mëttel viraussiichtlech 30 Deeg stabil, bei -20 Grad deemno esouguer 6 Méint. De Vaccin vu Biontech brauch eng Temperatur vu -70 Grad.

Back to Top
CIM LOGO