
Frankfurter Virologen hu fir hir Etüd all d’Passagéier vun engem Fluch, dee vun Tel-Aviv op Frankfurt geflunn ass an an deem e Grupp vun Touristen infizéiert war, kontaktéiert. D’Resultat huet erginn, dass déi 7 Leit, déi virum Fluch infizéiert waren, just 2 weider Persounen ugestach hunn.
De Fluch huet 4 an eng hallef Stonn gedauert an et waren am Ganzen 102 Passagéier u Bord. Mat dobäi war och e gréissere Grupp vu 24 däitschen Touristen. D’Fuerscher betounen, datt kee Mënsch am Fliger eng Mask unhat. Déi däitsch Autoritéite goufe gewarnt, well e puer Leit aus deem Touriste-Grupp an Israel Kontakt mat engem Hotel-Manager sollte gehat hunn, dee spéider positiv getest gouf. Dowéinst gouf decidéiert, de ganze Grupp testen ze loossen. Resultat: 7 vu hinne waren direkt positiv a 7 goufe méi spéit positiv getest.
Ee Mount drop hunn d’Fuerscher déi aner 78 Fluchpassagéier kontaktéiert, vun deenen 90 Prozent sech zeréckgemellt hunn. D’Fuerscher hunn d’Leit du gefrot, ob si Symptomer haten, respektiv positiv getest goufen. E puer Leit goufen doropshi getest. Dobäi koum raus, dass just 2 Leit sech am Fliger infizéiert haten. Dës souze relativ no un deenen ursprénglech 7 Infizéierten, awer net direkt nieft hinnen. Persounen, déi virun hinne souzen, respektiv hannert hinnen a sech mat den infizéierte Leit esouguer ënnerhal haten, goufen net ugestach.
Well net all d’Passagéier getest goufen, kéint een och keng weider Neiinfektiounen ausschléissen, sou d’Fuerscher, déi iwwerrascht waren, dass sou wéineg Leit sech am Fliger ugestach sollen hunn.
D’Wëssenschaftler hunn och betount, dass bei Flich, déi vu Wuhan koumen, fir Leit ze rapatriéieren, keng Neiinfektioune festgestallt goufen, warscheinlech, well jiddereen do eng Mask am Fliger unhat.
