UnescoCorona-Kris verschäerft d'Bildungs-Ongläichheet

RTL Lëtzebuerg
Méi wéi eng Véierelsmilliard Kanner weltwäit hu keen Zougang zu Bildung an d'Corona-Kris verschäerft dës Situatioun nach.

Dat geet aus dem aktuelle Weltbildungsbericht vun der Unesco ervir. Dem Bericht no leeschte 40 Prozent vun den äermste Länner wärend er Pandemie keng Ënnerstëtzung fir déi Schüler, déi keng Moyenen hunn oder besonnesch vulnerabel.

Am Ganze wieren iwwer 90 Prozent vun alle Studenten a Schüler weltwäit vu Schoul-Fermeture betraff. Scho virun der Corona-Kris wieren d’Ongläichheete massiv gewiescht.

Back to Top
CIM LOGO