
Den Etat de crise dauert domadder bis den 20. Juni. 177 Deputéiert waren e Mëttwoch fir eng Verlängerung. 18 hu sech enthal. 155 vun der konservativer an der rechtspopulistescher Oppositioun waren dergéint.
Spuenien ass mat méi wéi 27.000 Doudegen a ronn 240.000 Infektiounsfäll weltwäit eent vun de Länner, déi am schlëmmste vun der Pandemie betraff waren. D’Zuel vun den neie Fall ginn awer zanter Wochen an déi richteg Direktioun. E Mëttwoch war den zweeten Dag hannerteneen, wou keng weider Persoun vum Sars-Cov-2 gestuerwen ass.
