Ekonomeschen Impakt vu KrisCorona-Pandemie als Gefor fir Fridden op der Welt

RTL Lëtzebuerg
Den "Institute for Economics and Peace", eng Denkfabrik zu London, evaluéiert all Joer d'Situatioun a ronn 160 verschiddene Länner.

Dat no Krittäre wéi Krich, Terrorismus a Policegewalt. An dësem Joer koum de Coronavirus dobäi.

Allgemeng wier d’Welt an de leschte Jore manner friddlech ginn. An deenen enge Staaten huet sech d’Situatioun gebessert, an anere gouf se vu Joer zu Joer méi schlecht. Doudesfäll duerch Terrorismus an d’Intensitéit vu Konflikter géingen zwar ofhuelen, ma et géingen awer ëmmer méi gewaltsam Ausschreidunge ginn.

Experte ginn dovun aus, dass d’Corona-Pandemie d’Situatioun verschlëmmere wäert. Et misst mat Kierzunge vun Entwécklungshëllefen a bei der Finanzéierung vun UN-Friddensmissioune gerechent ginn. Dëst kéint virun allem ufälleg Länner wéi Liberia, Afghanistan oder Südsudan destabiliséieren. Och Länner wéi Brasilien, Pakistan oder Argentinien wieren duerch déi wirtschaftlech Turbulenzen engem méi héije Risiko vu politescher Instabilitéit, Onrouen a Gewalt ausgesat.

Dat friddlechst Land op der Welt ass Island. Afghanistan ass op der leschter Plaz vun hirer Lëscht. Lëtzebuerg gouf net analyséiert. Däitschland kënnt am Ranking op déi 16. Plaz, d’Schwäiz behält hir 10. Plaz, an och Éisträich bleift op Plaz 4 vun de friddlechste Länner.

Mat Bléck op d’ekonomesch Käschte vu Gewalt a Konflikter geet d’Institut dovun vun enger Zomm vun 12,8 Billiounen Euro aus.

Back to Top
CIM LOGO