
Bannent 24 Stonne goufen e Frankräich 60.486 Infektioune festgestallt. En Donneschdeg waren et der 58.046. D’Zuel vun Doudegen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, ass ëm 828 geklommen.
Am gläichen Zäitraum goufen offiziellen Informatiounen no 553 Covid-19-Patienten a Klinicken ageliwwert, 101 Mënsche sinn op d’Intensivstatioun komm.
Doriwwer eraus goufen en Donneschdeg an e Freideg Covid-Patienten an Däitschland transportéiert, fir do weider behandelt ze ginn. Si goufen an engem kriteschen Zoustand a Klinicken zu Saarbrécken an zu Völklingen bruecht. Wéi et vun offizieller Säit heescht, wéilt een domadder eng komplett Auslaaschtung vun den Intensivstatioune verhënneren.
Et ass déi éischte Kéier an der zweeter Well, datt Frankräich nees Patienten aus dem Grand Est fir d’Behandlung an d’Ausland transferéiert huet.
