
Eng israelesch Start-Up huet e Corona-Test entwéckelt, deen iwwert de Geroch vum Otem erkenne kann, ob eng Persoun akut infizéiert ass. Den Test, deen eng Zouverlässegkeet vun ëm déi 85% huet, gëtt den Ament an engem Pilot-Projet an Europa getest a kéint an e puer Méint schonn op de Maart kommen. En ass awer just als komplementar zu de Laboen ze verstoen, e soll dës net ersetzen.
NanoScent ass eng kleng Entreprise am Norde vun Israel, déi op d’Erkenne vu Gerécher spezialiséiert ass. Mam Ausbroch vun der Corona-Kris huet si hir Aarbecht ëmgestallt a beschäftegt sech haut bal just nach mam Erkenne vum Virus. Si huet den Otem vun enger Dausend Israeli analyséiert, fir de spezifesche Geroch vun infizéierte Persoune festzestellen.
Den Apparat, deen d’Firma entwéckelt huet, gläicht engem Alkoholtest. Am Plaz duerch de Mond bléist een hei awer duerch d’Nues. Et soll een anootmen, den Otem e puer Sekonnen anhalen, dann een Nueslach zouhalen an aus deem aneren iwwert en Tüb an eng Tut ausootmen.

Den Tüb gëtt dann an eng Këscht agestach, déi mat engem Handy connectéiert ass, déi liicht vibréiert, wärend se den Otem era suckelt. Bannent e puer Sekonnen huet een da säi Resultat: positiv oder negativ.
Den Test ass net geduecht, fir d’Labostester vun Ofstrécher am Hals oder an der Nues z’ersetzen, ma éischter z’ergänzen. Deemno kéint en den Hiersteller no zum Beispill viru Concertssäll, Spideeler oder Flughäfen an den Asaz kommen, fir méiglech Porteure vum Virus ze fannen. Wann den Otem-Test géif uschloen, misst iwwert en Test am Labo iwwerpréift ginn, op d’Persoun infizéiert wier.
Den Otemtest wier par Rapport zum Labostest awer net nëmme méi séier, ma och manner käschtenopwänneg.
Den israelesche Verdeedegungsministère ënnerstëtzt de Projet an huet och héich Hoffnungen dran. D’Regierung steet den Ament staark an der Kritik fir hir Gestioun vun der Pandemie, nodeems rezent d’Zuel vu Coronakranken nees an d’Luucht geschoss ass an d’Land mat schwéiere wirtschaftleche Konsequenzen ze kämpfen huet.
Bei 9 Milliounen Awunner goufe bis elo iwwer 56.700 Fäll offiziell festgestallt, 430 hunn eng Infektioun mam Coronavirus net iwwerlieft. D’Hoffnung an den Test, fir nees a méi en normaalt Liewen zréck ze fannen, ass deemno grouss.
