Eleng a Rheinland-PfalzCorona-Verdachtsfäll an iwwer 100 Schoulen

RTL Lëtzebuerg
429 Schüler an iwwer 50 Enseignante gëllen als Corona-Verdachtsfäll a mussen deemno a Quarantän.

Dat huet déi zoustänneg Schoul-Autoritéit zu Tréier e Méindeg confirméiert.

Eng ganz Partie Schoule sinn affektéiert, well et Infektiounsfäll a Klassen gouf, dat eng Woch no der Rentrée. Eleng bei eisen Noperen a Rheinland-Pfalz sinn iwwer 100 Schoule betraff.

Allgemeng klammen d’Zuele vun Nei-Infektiounen an Däitschland. Méi wéi 1.200 waren et der am Bulletin vum RKI vun e Méindeg den Owend landeswäit.

Back to Top
CIM LOGO