
Am Kader vum Weltdag vun de Refugiéeën, den 20. Juni, mécht Handicap International drop opmierksam, datt ënnert den 79,5 Millioune Refugiéeë weltwäit ronn 15% en Handicap hunn.
Dacks wieren dës Leit isoléiert, diskriminéiert a marginaliséiert, seet d’Hëllefsorganisatioun. D’Corona-Pandemie hätt net just d’Problemer verstäerkt, mä et wieren och eng ganz Partie weider Restriktiounen op d’Leit duer komm.
D’Ekippe vun Handicap International, déi um Terrain schaffen, hu misse feststellen, datt d’Refugiéen dacks vun de Leit aus der Communautéit ofgestouss ginn. Aus Angscht, datt d’Leit Porteur vum Virus sinn, géife virun allem Leit mat engem Handicap evitéiert ginn oder hinne géif den Accès op Gesondheetsservicer oder den Transport refuséiert ginn.
D’Hygiènesmesurë kënnen zum Deel guer net ëmgesat ginn an de Campen, vue datt dës komplett iwwerfëllt sinn. Handicap International nennt dann och eng Partie Beispiller, déi weisen, datt et onméiglech, ass Distanzen tëscht de Leit ze halen. An engem Camp am Bangladesch zum Beispill géife 40.000 Persounen op de Quadratmeter wunnen, a Syrien 37.570 pro Quadratmeter.
Donieft wier och den Zougang zu Informatioun oder zu propperem Waasser fir d’Leit mat engem Handicap praktesch onméiglech. Duerch de Confinement war och d’humanitär Hëllef begrenzt an dobäi sinn der Hëllefsorganisatioun no vill Refugiéeë mat engem Handicap komplett op d’Hëllef vun hinnen ugewisen.
