
De Präis vun engem Bitcoin louch tëschenduerch bei 69.191,94 Dollar, also ëmgerechent 63.655 Euro. De viregte Pic vun 68.991 Dollar gouf am November 2021 erreecht.
Ee vun de Grënn fir d’Hausse vum Präis vum Bitcoin dierft Analysten no de Fait sinn, dass déi amerikanesch Boursenopsiicht am Januar eng éischte Kéier Bitcoin-Index-Fongen zougelooss huet. Dës erméiglechen et Investisseuren, a Bitcoinen ze investéieren, ouni dass si dofir Eenheete vun der Kryptowärung kafe mussen.
Ee weidere Grond wier de sougenannten “Halving”, zu deem et am Abrëll wäert kommen. Dobäi gëtt d’Vitess, mat där nei Bitcoine “produzéiert” ginn, reduzéiert. Dat passéiert, andeems d’Belounung fir d’Schafe vun neie Bitcoinen ëm 50 Prozent reduzéiert gëtt. Dat passéiert ronn all véier Joer an hat schonn an der Vergaangenheet zu staarke Präis-Spréng gefouert. Mam nächsten “Halving” gëtt am Abrëll gerechent.
Gold gouf en Dënschdeg tëschenduerch fir 2.135 Dollar pro Fäin-Onz gehandelt.
Hei gesinn d’Experten d’Hausse vum Cours virop duerch déi global ekonomesch a politesch Onsécherheete bedéngt. E weider Grond wier, dass Investisseuren domat rechnen, dass déi amerikanesch Zentralbank de Leetzëns vum Dollar éischter erofsetzt, wéi an der Vergaangenheet ugeholl. Déi schwaach Donnéeë vun der amerikanescher Industrie géifen dorop schléisse loossen.